|
Heimat ass et méiglech all déi un der Mailinglist abonnéiert Membere gläichzäiteg per E-Mail ze kontaktéieren, andeem s den Expéditeur säi Message just un d'E-Mail-Adress vun der Lëscht schéckt.
Nieft dëser Lëscht existéieren nach 5 aner Lëschten, pro Gebai eng nom Modell 'abc@roudewee.net' woubäi 'abc' d'Ofkierzung vum Gebai duerstellt. Op déi Manéier hunn di jeweileg Gebaivertrieder en Tool fir all hir respektiv KollegInnen direkt via E-Mail unzeschreiwen an de CoCo oder de Service Scolaire kann z.B. mat enger Mail un di 6 Lëschten gläichzäiteg d'ganzt Léierpersonal kontaktéieren (ähnlech wéi de Ministère de l'Education Nationale et mat der 'all-education'-Lëscht praktizéiert). Enseignanten déi a méi wéi engem Gebai täteg sinn, kënne sech op e puer Lëschten abonnéieren. Wann ech verschidde KollegInnen där falscher Lëscht zougeuerdnet hätt (ëmmerhin hu mer mëttlerweil ronn 120 E-Mail-Adressen an der OLEFA-Datebank, leider nach ouni Méiglechkeet all User engem bestëmmte Gebai zouzedeelen), sou kënne si dat also och selwer corrigéieren.
Wann d'Noriicht, déi een un d'Mailinglist schécke wëll, relativ vill Speicherplaz braucht (z.B. well en Attachment drun ass), da muss se fir d'éischt vun engem Moderator fräigeschalt ginn. Et huet also kee Wäert ze probéieren, dës Mailinglist fir Spaass-Mailen ze mëssbrauchen, dofir ass se net geduecht. Sënn an Zweck vu sou enger Lëscht ass d'zentraliséiert elektronesch Informatiounsverdeelung, notamment z.B. fir de CoCo-Rapport un d'Léierpersonal ze mailen. Bis elo hunn ech dat iwwer de Mail-Programm op mengem private Computer gemaacht, wat awer eng Partie Nodeeler hat. Den Haaptvirdeel vun der Mailinglist ass d'Archiv, wat de Memberen online zur Verfügung steet fir de Fall wou se eng Mail net kritt oder geläscht hunn.
Fir de Moment iwwerhuelen ech als Administrator och d'Tâche vum Moderator. Wa verschidde Gebaier dës nei Form vu Kommunikatioun schätze léieren an ausbaue wëllen, da wier ech frou wa si e Moderator bestëmme géifen, dee sech da bei mir mellt fir eng kleng Formatioun an en Zougang zum System ze kréien.
Wat d'Sécherheet ubelaangt, sou weisen ech drop hin, dass ech op der Mailinglist ausschliisslech d'E-Mail-Adressen vum Typ 'virnumm.numm@ecoles-sanem.lu' registréiert hunn. Dës Adressen ginn NET am Kloertext op den Internetsäiten ugewisen, sou dass keen abonnéierte Member SPAM ze fäerte brauch, deen duerch d'Mailinglist entstoe kinnt. An den Archiv souwéi och d'Lëscht vun de registréierte Memberen si just accessibel wann ee sech als Member aloggt. D'Sécherheets-Standards sinn also ähnlech wéi um Schoulweb, soss hätt ech dat Ganzt guer net ugefaangen. D'Viraussetzung ass awer och hei, dass een op säi Passwuert oppasst, sech op engem ëffentleche Computer ëmmer ausloggt an de Browser zoumécht wann ee fäerdeg ass.
Selbstverständlech kanns du dech zu all Moment désabonnéieren, et gëtt kee gezwongen, iwwer dëse Wee informéiert ze ginn. Bedenk awer virdrun w.e.g. dass ech de CoCo-Rapport an Zukunft just nach iwwer d'Mailinglists verschécke wäert. Dee Moment wou s du dech also désabonnéiers kriss du de Rapport net méi per E-Mail zougeschéckt. Well deen heite System awer onofhängeg vun eisem Schoulweb funktionéiert, kanns du natierlech all Moment mat dengem OLEFA-Login op ecoles-sanem.lu de Rapport erofluede goen.
____________________________________
Georges WALTHER
Instituteur enseignement primaire
Ecole Chemin Rouge; Commune de Sanem
OLEFA-administrator ecoles-sanem.lu
system-administrator roudewee.net
Um frühere Nachrichten an diese Liste zu sehen,
besuchen Sie bitte das Archiv der
Liste SAN. (Das aktuelle Archiv ist nur für die Abonnenten der Liste zugänglich.)
|
|
Abonnieren Sie SAN, indem Sie das folgende Formular
ausfüllen:
In Kürze erhalten Sie eine Bestätigungs-e-Mail, um sicherzustellen, dass es wirklich Sie sind, der abonnieren möchte. Dies ist eine private Mailingliste, was bedeutet, dass die
Abonnentenliste von Nichtmitgliedern nicht eingesehen werden kann.
|